UV-Index












Den UV-Index weist, wéi geféierlech d'UV-Stralung fir ongeschützt Haut ass. Wat méi héich den UV-Index ass, desto méi séier kann et zu engem Sonnebrand kommen:
UV-Index 0-2: niddreg Belaaschtung, keng Schutzmoossnamen erfuerderlech.
UV-Index 3-5: méisseg Belaaschtung, Schutzmoossnamen erfuerderlech. Benotzt Sonneschutzmëttel mat genuch Liichtschutzfaktor fir ongeschützt Haut. D'Droe vun entspriechender Kleedung, Hutt a Sonnebrëll ass unzeroden.
UV-Index 6-7: héich Belaaschtung, Schutzmoossnamen erfuerderlech. Benotzt Sonneschutzmëttel mat genuch Liichtschutzfaktor fir ongeschützt Haut. D'Droe vun entspriechender Kleedung, Hutt a Sonnebrëll ass noutwenneg.
UV-Index 8 a méi: ganz héich Belaaschtung, besonnesch Schutzmoossnamen erfuerderlech. Vermeit en Openthalt an der Sonn an der Mëtteszäit. Benotzt onbedéngt Sonneschutzmëttel mat genuch Liichtschutzfaktor fir ongeschützt Haut. D'Droe vun entspriechender Kleedung, Hutt a Sonnebrëll ass onbedéngt noutwenneg.