Meteozentral
warnt an engem Warnsystem op mei Niveaue viru Stuerm, staarkem Reen, staarkem Schnéifall, Glatäis an Donnerwiederen (mat staarkem Reen, Knëppelsteng an Stuerm). Zousätzlech informéiert
Meteozentral
iwwer glat Stroossen, Frascht an Hetzt.
Fir wéi eng Regioune gi Warnunge verëffentlecht?
Meteozentral
warnt op Postleetzuell-Niveau.
Wei ginn d’ Warnunge representéiert?
D’Iwwersiichtskaart weist Iech eng Kombinatioun vun den Wiederwarnungen. Wann fir eng Postleetzuel méi Warnungen aktiv sinn (z.B. Stuerm an staarke Reen), gëtt ëmmer déi Warnung mat der héchster Warnstuf ugewisen. Fir eenzel Stuermaarten ugewisen ze kréien, klickt w.e.g. op der ieweschter Navisgatiounsleecht op déi respektiv Stuermsymboler (staarke Reen, Schnéifall, Donnerwieder, Glatäis, Stuerm).
Wéi eng Warnniveauen huet
Meteozentral
?
Meteozentral
warnt an engem Warnsystem mat méi Niveauen: GIEL ass eng Virwarnung. Si gëtt erausginn, wann d’Meteorologen ee bestëmmt Wiederphänomen fir méiglech halen, mä d’Dauer, Intensitéit an/oder d’Richtung nach onsécher sinn. D’Warnniveauen ORANGE, ROUT an MOF sinn Akutwarnungen. Si ginn dann erausginn, wann d’Meteorologe sécher sinn, dass ee bestëmmt Wieder tatsächlech antrëtt.
D’Warnniveaue riichten sech no der Intensitéit vum Wieder. Si ënnerscheeden sech vu Gebitt zu Gebitt, fir den verschiddenen topographeschen an meteorologesche Konditiounen z’entspriechen. Detailer zu den Warnniveaue stinn ëmmer ënnert den Warnungen.
Wéini gi Warnungen erausginn?
Akutwarnunge mat den Warnniveauen ORANGE, ROUT an MOF ginn eréischt dann erausginn, wann et als sécher gëllt, dass een Donnerwieder kënnt. An der Regel sinn dat 6 bis 12 Stonnen ier et ufänkt. Jee no Art vum Donnerwieder, respektiv vun der Wiederlag kënne Vir- an Akutwarnungen och méi kuerzfristeg verëffentlecht ginn. Virwarnungen (Niveau GIEL) gi bis zu 48 Stonnen am Viraus verëffentlecht, well et ënner Ëmstänn nach net sécher ass, dass d’Donnerwieder och wierklech antreffen oder och well nach gréisser Ännerungen am zäitlechen Oflaf, an der Intensitéit an an der Richtung vum Donnerwieder méiglech sinn. D’Meteorologen-Team vun
Meteozentral
beméit sech drëm, sou frei an sou zouverlässeg wei méiglech viru méiglechen Donnerwiederen ze warnen.
Wat sinn Wiederindikatiounen?
Glat Stroossen, extremen Frascht an Hetzt sinn keng Wiederen am traditionellen Sënn. Trotzdem verursaachen si bedeitend Behënnerungen, respektiv spillen eng grouss Roll, wann et ëm d’Gesondheet geet. Dofir warnt
Meteozentral
separat an virun dësen Fäll. Déi betraffen Regiounen ginn op der Kaart donkelgréng duergestallt.
Warnt
Meteozentral
24/24 Stonnen?
Jo.
Meteozentral
ass all Dag, 24 Stonnen vun eisem Meteorologen-Team besat.
Wei iwwerwaacht
Meteozentral
d’Wiederlag?
D’Meteorologen vun
Meteozentral
kennen laangjäreg Experienz an der Freierkennung vun Donnerwiederen virweisen. D’Grondlag fir d’Warnungen liwweren déi weltbescht Wiedermodeller (ECMWF, GFS, UKMO, GEM, asw.), souwéi Wiederstatiouns-, Radar-, Blëtz an Satelittendonnéen.
Ass
Meteozentral
automatiséiert?
Nee. Fir all Situatioun gëtt d’Wiederlag vun den Meteorologen perséinlech beuerteelt. Richt op der Grondlag vun dëser Beuerteelung gëtt dann ënner Emstenn eng Warnung erausginn. Hei steet also ëmmer den Mënsch hannert den Warnungen. Am Fall vun Donnerwiederen steet den Meteorologen een zousätzlecht Tool zur Verfügung: Wann den Nidderschlagsradar eng gewëss Intensitéit vun enger Wiederzell ugett, ginn d’Geokoordinaten an d’Postleetzuelen, déi an der Zugbahn vun der Wiederzell (Knëppelsteng- oder Staarkreenzell) leien, automatesch berechent an fir eng Warnung proposéiert. Mee och an dësem Fall decidéieren d’Meteorologen, ob an an weienger Warnstuf déi proposéiert Warnungen verëffentlecht ginn.