Wiedersich

Uertschaft, Postleetzuel oder Land

Wiederwarnungen

Add to iGoogle

Eis Wiederwarndénschter

Impressum/Notzungsbedingungen

Meteozentral Impressum

MeteoGroup Schweiz AG
Gaiserstrasse 47
9050 Appenzell
Schwäiz

Tel:  +41 71 791 09 00
Fax: +41 71 791 09 10
switzerland@meteogroup.com
http://www.meteogroup.com

Verwaltungsrot:
Donat Rétif     President
Simon Morgan     Vicepresident

Commercial register: Appenzell Innerrhoden
Number (UID): CHE-106.725.065

NOTZUNGSBEDINGUNGEN

Leeschtungsbeschreiwung/Haftung
MeteoGroup Schweiz AG erbréngt hir Leeschtungen no den unerkannte Reegele vun der meteorologescher Wëssenschaft an Technik. Opgrond vun deene ville Facteuren, déi d’Wieder beaflosse kann déi tatsächlech Wiederlag awer net sécher virausgesot ginn. D’Leeschtunge vu Meteomedie stelle vill méi Prognosen duer, déi op der Experienz mat verschiddene Probabilitéite grënnen. Divergenzen vun der tatsächlecher Wiederlag sinn onvermeidlech. MeteoGroup Schweiz AG stellt d’Informatiounen, déi op dëser Homepage disponibel sinn, gratis zur Verfügung. Duerch d’Benotze gëtt kee Kontrakt mat MeteoGroup Schweiz AG gemaach. D’Benotze vun allen Informatiounen ass op eegene Risiko. Am Bezuch op d’Korrektheet, d’Genauegkeet, d’Aktualitéit, d’Disponibilitéit, d’Vollständegkeet an am Bezuch op eventuell aner Facteure vun den Informatioune gëtt keng Garantie oder Haftung iwwerholl. MeteoGroup Schweiz AG iwwerhëlt weder materiellen, nach immateriellen oder indirekte Schued, deen duerch d’Benotzung vun dëser Internetsäit an hei vereffentlechten Informatiounen entsteet. D’Renseignementer op dëser Internetsäit sinn onverbindlech an ginn ausschliisslech zu Informatiounszwecker zur Verfügung gestallt. Si kennen zu all Zäit ouni Virukënnegung geännert ginn.   MeteoGroup Schweiz AG iwwerhëlt Verpflichtungen an Haftunge fir Produiten oder Servicer ausschliisslech op der Base vun den respektiven Accorden am Kontrakt mat Berücksichtegung vun den Allgemenge Geschäftsbedingungen an hirer jeeweileger gülteger Versioun.

Copyright
D’Eroflueden oder Printe vun eenzelne Säite vun dëser Internetsäit fir den privaten, net kommerziellen an net ëffentleche Gebrauch ass erlaabt, soulaang kee Copyrightvermierk oder aner gesetzlech geschützt Bezeechnunge geläscht ginn. Duerch d’Eroflueden oder Kopéiere vun Inhalter, Biller oder aneren Dateie gi keng Rechter un den Rechter iwwerdroe. D’Autorerecht an all déi aner Rechter un den Inhalter, Biller an aneren Dateie gehéieren ausschliisslech MeteoGroup Schweiz AG oder den extra genannte Proprietairen. D’Reproduktioun oder d’Weiderbenotze vu sämtlechen Elementer, den Verknäppungen (Links) oder anerweiteg Benotze vun Informatiounen an Leeschtungen op dëser Internetsäit fir den kommerziellen oder ëffentleche Gebrauch ass ouni schrëftlech Zoustëmmung vu MeteoGroup Schweiz AG verbueden.

Links
MeteoGroup Schweiz AG ass net verpflicht, déi mat der Internetsäit verlinkten aner Internetsäiten ze kontrolléieren an iwwerhëlt keng Responsabilitéit fir deenen hir Inhalter an Offeren.

Dateschutz
Fir eng Ufro fir eng Commande ze traitéieren däerf MeteoGroup Schweiz AG d’Benotzerdonnéeën no den Dateschutzgesetzer am In- an Ausland benotzen oder se Drëtten zur Verfügung stellen. Ofgesinn dovu ginn déi Donnéeën, déi duerch déi aktiv Fonctiounen un Metemedia iwwermëttelt ginn, nëmmen am Kader vum Traitement vun enger Commande genotzt an net un Drëtter weiderginn. Clientsdonnéeë kënne fir statistesch Zwecker verschafft an gespäichert ginn. Dës Internetsäit benotzt Google Analytics, een Service fir Internetanalyse vun der Google Inc. („Google“). Google Analytics schafft mat sougenannten „Cookies“, Textdateien, déi op ärem Computer gespäichert ginn an déi eng Analys iwwert d’Benotze vun der Internetsäit vun Iech erméiglechen. D’Informatiounen iwwert äert Benotze vun der Internetsäit (an och är IP-Adress), déi duerch den Cookie ermëttelt ginn, ginn op een Server vu Google an den USA iwwerdroen an do gespäichert. Google benotzt dës Informatioune fir äert Benotze vun dëser Internetsäit auszewäerten, fir Berichter iwwert d’Aktivitéit vun der Internetsäit fir d’Administratioun vun der Internetsäit zesummenzestellen an fir och aner Servicer, déi mat der Benotzung vum Internet an der Internetsäit zesummenhänken, unzebidden. En plus iwwerdréit Google dës Informatiounen eventuell op Drëtter, wann dëst gesetzlech virgeschriwwen ass oder wann Drëtter dës Donnéeën am Optrag vu Google verschaffen. Google bréngt op kee Fall är IP-Adress mat anere Google-Donnéen an Relatioun. Dir kennt d’Cookie-Installatioun mat Hëllef vun der entspriechender Astellung vun ärer Browser Software verhënneren, allerdéngs weise mir Iech drop hin, dass et an deem Fall méiglech ass, dass Dir net all d’Funktiounen op eiser Internetsäit a vollem Ëmfang notze kennt. Mam Benotze vun dëser Internetsäit erkläert Dir Iech mat dem Traitement vu ären Donnéeën duerch Google an där uewe beschriwwener Art a Weis an dem uewe genannten Zweck averstan.

Quellen
- UK MetOffice
- NCEP/NOAA
- Environment Canada
- DWD
- MeteoSchweiz
- Bundesamt für Wehrgeophysik
- Hochwasserzentralen Baden-Württemberg und Bayern
- Bundesministerium für Umwelt, Naturschutz und Reaktorsicherheit (BMU)